Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Flotten Lëtzebuerger Owend

Éischten Lëtzebuerger Owend vun der Lidderuucht

Am gudd gefëllten Sall am Centre Culturel Hollerech, war kierzlech den éischten Lëtzebuerger Owend vun der Lidderuucht Lëtzebuerg. De President, Marcel Blum, huet all Frënn vun der Lidderuucht häerzlech begréisst a kuerz den Oflaf vum Owend virgestallt. D‘Faubourgsmusek Clausen-Neiduerf-Weimeschhaff ënnert der Direktioun vum Ansis Nikolovskis huet den Optakt gemaach mat engem agreablen Apéro Concert dee bei den Nolauschterer vill Uklang fonnt huet. Duerno hätt sollen de Grupp, zesummen gesat aus Dänzer vun „Vallée des sept Châteaux“ an der „Lidderuucht“, deen Lëtzebuerg bei der Folkloriade 2020 zu UFA a Russland vertrëtt, optrieden. Leider huet dësen Optrëtt kuerzfristeg missen ëmgeännert ginn well genau deen Dag eng Info Versammlung vum Organisateur war an esou déi responsabel gefeelt hunn. Gedanzt gouf awer vun der „Vallée des sept Châteaux“ just mat engem aneren Programm a sinn begleet ginn um Brëttelspiano vum Norbert Beideler. Uschléissend war et un der Lidderuucht, ënnert der Leedung an Animatioun vum Claude Hornick a begleet um Brëttelspiano vum Roger Sabus, déi fir weider flott Stëmmung gesuergt hunn. Et war e musikalesche Bucki mat bekannten an manner bekannten lëtzebuerger Lidder dee presentéiert gouf, woubäi de ganze Sall begeeschtert geklappt an matgesongen huet. Den Ofschloss war mat Danzmusek vum Roger Sabus bis Mëtternuecht. Begeeschterung bei de Leit war grouss an iwwerall huet een de Wonsch héieren fir neess esou en flotten Lëtzebuerger Owend ze organiséieren. Fotoen an weider Infoen op www. Lidderuucht.lu