Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Roger Mertes geet a Pensioun

Zesumme mat sengen Arbechtskolleginnen an Kollegen aus dem Contrôle Financier vum Finanzministère, huet de Roger Mertes vu Fenteng viru kuerzem säin Abschid vum Beruffsliewe mat engem Owendiessen an der Brasserie Aubergine an der Uewerstad gefeiert.
De Roger, Joergang 1953 huet seng Carrière de 6. November 1974, bei der deemoleger‚ „Administration des P&T“ ugefangen, wou hie während 26 Joer an der Haaptkees respektiv dem Service Comptabilité vun der Division des Postes täteg war. Den 1.de September 2000 ass de Roger dunn bei de Contrôle Financier vum Staat gewiesselt, wou hien während 15 Joer d’Payementer vu verschiddene Ministèrë genee kontrolléiert huet.
Elo no méi wéi 41 Déngschtjoeren, zitt de Roger ee Schlussstréch ënnert säi Beruffsliewen an hien huet elo méi Zait fir wanderen ze goen an Vëlo ze fueren, mee hien wäert sech awer och gäre sengen Enkele widmen déi hien zimlech op Trapp halen.

Weitere Neuigkeiten von Roger Mertes >