Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Botzaktioun an der Gemeng Hesper (19.03.2016)

Déi 28. Fréijorsbotz an der Gemeng huet am Kader vun der siwenter Semaine écologique statt fonnt. Bal 100 Leit hunn sech un der Botzaktioun bedeelegt. Vu Jonk bis Al gouf vu Moies 9 bis Mettes 12.30 Auer an den 5 Uertschaften vun der Gemeng gebotzt. Dës Botzaktioun ass wichteg fir d’Leit ze sensibiliséieren fir no hierer Ëmwelt ze kucken an och propper ze halen. D'Gemeng Hesper hällt vill op eng propper a gepflegte Gemeng. Eng gudd Liewensqualitéit ass der Gemeng wichteg, duefir och de Slogan eng „Gemeng mat Flair“.
Den Héichpunkt an Ofschloss vun der "Semaine écologique" war d'Aweiung an d'Abetriebnahm vun der 3. Bierger-Photovoltaïks-Anlag um Daach vum neien Hall de Jardinage zu Izeg.