Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ambiance Jardins Hesper

11
Jun
2021
11 Jun 12 Jun 13 Jun

De Weekend vum 11-13 Juni ass zu Hesper am Park neess déi traditionell Ambiance Jardins.


Iwer 80 Aussteller aus 7 Länner, präsentéieren hei alles wat bei d'Thema Gaart passt. Planzen, Beem, Geméisplanzen, Dekoratioun fir de Gaart, Griller, Gaardemiwwelen, Gaardegeschier an awer och kulinaresch Spezialitéiten oder virwat nët fir Mammendag e flotte Bijoux, bei allem läit de Schwéierpunkt op Qualitéit. Natierlech dierf op esou engem Event d'Animatioun nët feelen. Heifir suergen faarweg Stelzeleefer, déi d'Kanner wärte begeeschteren. An dann ass do och nach en Dréiuergelspiller, den d'Musik wéi fréier op de Fester neess wäert opliewe loossen.


Um ganze Site ass Maskepflicht an d'Konzept ass Corona-konform vum Ministère de la Santé ofgeseent. Den Entréespräiss ass 7 EUR, a gëllt fir 3 Deeg. Kanner bis 16 Joer si gratis. Parking ass 100 m vun der Entrée an ausgeschéldert am Zentrum vun Hesper.


D'Ouverturezäiten sinn:


Freideg, den 11. Juni vun 14.00 - 19.00 Auer

Samschdeg, den 12. Juni vun 10.00 - 19.00 Auer

Sonndeg, den 13. Juni vun 10.00 - 18.00 Auer


Weider Informatiounen fannt Dir op www.ambiance-jardins.com

Weitere Neuigkeiten von Eric Leyder >