Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wald-Wandertour um die Helzer Klaus

Geschicht

D'Geschicht vun der Klaus läit an der Däischtert. Et handelt sech wuel ursprénglech ëm en heednesche Kult ëm d'Gëttin Foecunda (cf. Quell, Kiem vu Kölnop Reims an der Géigend). Zur Zäit vum Karel dem Groussen (zirka 800) ass déi Plaz christianiséiert an der Muttergottes geweit ginn. D'«Beata Maria ad fontem felicem» gouf zimmlech berüümt. Déi franséisch Bezeechnung vun Helzen - Hachiville - kënnt iwwregens vun Aquisvilla (aqua).

Déi eigentlech Gebuertsstonn vun der Klaus als Pilgeruert ass awer de 17. Juli 1474 wéi de Poopst Sixtus IV. eng eege Bulle op Helzen (Alcivilla) schéckt, a sech dora wënscht, datt do eng gréisser Kapell mat Prunkaltär a Raimlechkeete fir Pilger am Bësch sollt opgeriicht ginn. Dëst war geschitt nodeem de Rekter vun der aler Kapell him d'Lag erkläert hat: vill Pilger, a keng Infrastruktur. Den Original vun der Bulle ass bis haut erhalen. Déi Bulle huet der Wallfaart an den nächste Joerhonnerten en ongeheieren Opschwong ginn. Am Joer 1600 gouf et bis zu véier Pilgermasse pro Dag.

1974 gouf et de grousse Jubiläum: 500 Joer Helzener Klaus, initiéiert vum deemolege Paschtouer Nicolas Hardt. D'Haaptfest ass bis haut de “Klauserdag” um Sonndeg nom 2. Juli (Mariä Heimsuchung) mat enger Mass virun der Kapell an enger Sakramentsprëssessioun. Des Weideren ass e Pelerinage mat Mass de 15. August an den zweete Sonndeg am Oktober. Am Summer gëtt nomëttes de Rousekranz gebiet. Fréier gouf et do nach méi Gottesdéngschter mat Dafen um Buer a Masse mat Krankesalbung.

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Helzen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Helzenhuet ausser der Helzerklaus och nach d'Parkierch vun Helzen, d'Kierch vun Houfelt an d'Kapell vu Weiler gehéiert.