Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Club-Treff vum Club Haus op der Heed Hëpperdang

Ënnert dem Motto „aktiv ënnerwee mat gemittlechem Ofschloss“ hunn sech déi verschidden Gruppen vum Club „Haus op der Heed“ Hëpperdang zu Helzen getraff fir no deenen verschiddenen Aktivitéiten wéi: wanderen, spadséieren, Vëlo fueren an Rummikub oder Konter a Mitt spillen, zesummen ze grillen an ee Patt ze drénken. Dëst war eng flott Méiglechkeet, datt Leit sech ënnerteneen kenneléieren, sech erëmgesinn an Zäit hunn fir an engem gemittlechen Kader mateneen ze poteren. D’Equipe vum Club hutt sech gefreet dësen Dag iwwer 50 Leit zu Helzen am Veräinssall begréissen ze kënnen. De Club „Haus op der Heed“ bitt villfälteg Aktivitéiten an Weiderbildungsméiglechkeeten fir jiddereen un. Nieft Informatiounsveranstaltungen an Couren an de Beräicher Gesondheet, Kultur, Kreativitéit an Medien, treffen sech regelméisseg Gruppen vum Club fir zesummen ze wanderen, ze spadséieren, Rummikub ze spillen, op Ausflich oder mateneen iessen ze goen.