Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Video: Tuermfalken zu Helmsen

Virun 8 Joer hunn déi eescht Tuermfalken hiert Nascht bei mir ouwen an der Spëtz vum Dach gebaut.Et sinn dräi Belüftungsschächt, war geduecht fréier vir de Späicher ze belëften.
Am Ufank wousst ech net, wat vir eng Vullenart sech do breet gemat huet.
Duerch Informatioun vun der Vulleschutzliga, wousst ech dann, dat et sech ëm Tuermfalken giff handelen.Während 7 Joer sinn Tuermfalken erëm komm, all Joer sinn 3 kleng Tuermfalken op Welt komm, dat heescht bis elo 21 Tuermfalken déi elo hei am Land sech ophalen plus déi 5 vun desem Joer.
Dëst Joer hat ech Idee, dobannen um Späicher, eng Fënster virun Nascht ze maachen, esou konnt ech mat Fotoen a Film e wéineg dokumentéieren, wat do an dëm Nascht vir sech geet.An dëst Joer, ass et déi éischte kéier dat Mam 5 Éier geluecht huet, bestemmt vir mir eng Freed ze maachen.
Ech konnt Fotoen maachen vun deenen klengen, e puer dëg al, vun der Mam oder Papp wann se an Nascht komm sinn, an och wann Mam am Nascht Éier geluecht huet.
No deëm wou Éier geluecht sinn, dauert et ëm déi 3 Wochen bis déi kleng aus den Éier eraus schleppven, an dann geet et séier, well no 4-5 Wochen machen déi kleng sech aus dëm Nascht, an fléien an eng Welt déi sie dann mussen lues a lues kenneléieren.
Ech kann nëmmen soen BONNE CHANCE