Wählen Sie Ihre Nachrichten​

VERNISSAGE VUM SYMPOSIUM DE LA SCULPTURE MAT DEM THEMA " L´AUTRE "



Déi ganz lescht Woch konnt een nieft dem Bësch an Ëmweltzenter 4 Kënschtler nokucken beim kreéieren vun hiren Skulpturen.


Et waren dat , den Rob Kirkels ( Frankräich) , de Marijus Petrauskas ( Litauen ), d´Daniela Romagnoli ( Italien ) an de Laurent Turping (Lëtzebuerg ) .


De leschte Samschdeg war de Vernissage. Et konnt een déi fäerdeg Skulpturen bewonneren.



Den Éierewäin gouf vun der Gemeng Luerenzweiler offréiert . Dat ganzt war wéi och schonn déi viregt Joren vun der Kulturkommissioun Luerenzweiler an der Gemeng Luerenzweiler organiséiert.


Am laf vum Joer kréien déi eenzel Skulpturen hir definitiv Platz um Skulpturewee an der Gemeng Luerenzweiler .




Fotoen: Steyer - Fonck Alice

copyright