Wählen Sie Ihre Nachrichten​

VERNISSAGE VUM 16. SYMPOSIUM DE LA SCULPTURE MAT DEM THEMA " ENSEMBLE "


VERNISSAGE VUM 16. SYMPOSIUM DE LA SCULPTURE MAT DEM THEMA " ENSEMBLE "


Déi ganz lescht Woch konnt een nieft dem Bësch an Ëmweltzenter 3 Kënschtler nokucken beim kreéieren vun hiren Skulpturen.


De leschte Freideg war de Vernissage. Den Här Paul Bach , President vun der Kulturkommissioun huet de Public begréisst an déi eenzel Kënschtler virgestallt . Et waren dat : den Alexandre Berlioz ( Frankräich ) , d´Tanja Röder ( Däitschland ) an d´Daniela Schwarz ( Däitschland ) . Si hu kuerz hir Wierker virgestallt, är den Buergermeeschter den Här Jos Roller d´Wuert ergraff huet.


Den Éierewäin gouf vun der Gemeng Luerenzweiler offréiert . Dat ganzt war wéi och schonn déi viregt Joren vun der Kulturkommissioun Luerenzweiler an der Gemeng Luerenzweiler organiséiert.


Am laf vum Joer kréien déi eenzel Skulpturen hir definitiv Platz um Skulpturewee an der Gemeng Luerenzweiler .