Wählen Sie Ihre Nachrichten​

MASS OP "CHRISTIHIMMELFAHRT" AN DER KAPELL VUM FAUTELFIELS



MASS OP "CHRISTIHIMMELFAHRT" AN DER KAPELL VUM FAUTELFIELS


D´Fautelfiels ass eng Kapell an engem Fiels vun ongeféier 4m op 9m gréisst. Si leit verstoppt am Bësch op der heescht vun Hielem.


Bei d´Fautelfiels feieren verschidde Spadséierweeër vu Luerenzweiler,Hielem, Boufer, Blaaschent an Aasselscheier aus.


Vum Plateau op der Fautelfiels aus huet een e schéine Bléck an den Uelzechtdall erof op Hënsdref an d´Autobunnsbréck an der Kléck.


Weider Informatiounen iwwer déi Kapell fënnt een op der Säit vun der Gemeng Luerenzweiler .http://www.lorentzweiler.lu/la-commune-se-presente/histoire-de-la-region .


Op "Christi Himmelfahrt " den 10.Mee 2018 ass eng Mass um 10:30 Auer an der Kapell vum Fautelfiels déi vum Här Dechen Felix Steichen gehal gëtt an gesanglech verschéinert gëtt duerch d´Chorale Ste Cécile Luerenzweiler.


No der Mass braucht Dir net direkt Heem ze goen. Um Fouss vum Fautelfiels suergen déi Luerenzweiler Pompjeeën fir Iessen a Gedrénks.


Och maachen si d´Navette vum Parking vun der Blaaschenterstrooss aus , fir déi Leit déi net esou gutt ze Fouss sinn.


E Minibus fiert och géint 10.00 Auer vun der Luerenzweiler-Gare fort (Parking).


Mir wënschen Iech all een erhuelsamen Feierdag