Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De SIT van Héinischt-Feschbich-Kaalber gung botzen

Den 8 Abrëll wor et rem su wegt. An die 20 Fräiwëlliger, dorenner 11 Kanner, woren rem bereet fir ronderem Héinischt, Feschbich an Kaalber all den Dreck opzesammelen, den Annerer gemengt han an d'Natur ze werfen. Et wor rem beachtlich wat zesaamme koum. Wie all Joer.

Eng gelonge gruuss Botz, déi mat engem goude Mauffel, gesteft van der Kliärwer Gemeng, belount gouf.

Een gruussen Merci gëlt all denen déi sich all Joer Zekt hualen an de Syndicat van Héinischt, Feschbich an Kaalber bei der Initiative ennerstetzen. Rendez-vous also nächst Joer.