Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Neie Sponsor fir den Tennisveräin Fuussekaul Heischent

De 27. Oktober 2017 huet den Tennisveräin Heischent seng uerdentlech

Generalversammlung a senger Buvette bei den Tennisterrainen ofgehalen. No der gewéinlecher Dagesuerdnung krut de Veräin nei Trikoten fir all SpillerInnen iwwerreecht. Dës Trikoten goufe vun der Nissan Garage Lentz vun Ettelbréck gesponsort. Als Vertrieder vum Betrib Lentz huet de Jules Turpel de Veräi fir säi sportlechen Asaz gelueft an huet de SpillerInnen vill Erfolleg an der neier Uniform gewënscht.

De President vum TC Heischent Jos Majerus huet der Firma Lentz a besonnesch dem Jules Turpel e grousse Merci fir déi schéine Geste ausgesprach.

No der üblecher Foto huet de Veräin e gudde Patt mat engem Maufel z’iessen offréiert.