Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Transport mat Hëllefsmaterial fir Csókakö

Ee Camion mat Hëllefsmaterial fir ons Partneruertschaft Csókakö an Ungarn ass kiirzlech zu Hiefenech geluede ginn. 12 Tonnen Spillsaachen, Kleeder, Miwwelen hu mir gesammelt fir de Leit duerch déi méi kaal Joreszäit ze hëllefen. D'Asbl Frënn vun Csókakö seht all deenen déi ons Material zur Verfügung gestalt hun, ee grousse Merci ouni iech all wiren ons Aktiounen nët méiglech gewiescht. Ee grousse Merci geht och un d'Léierpersonal an d'Elternvertrieder vun der Hiefenecher Schoul, nom Floumaart deen sie organiséiert haten, waren vill Spillsaachen fir Kanner vun Csókakö zréck bliwwen. Merci och de Kanner an Äusteller vum Floumaart fir dee léiwe Gest.