Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheckiwwereechung fir Csókakő een Duerf an Ungarn

Bäi der Gelegenheet dass eng Delegatioun vun hirer Partneruertschaft op Besuch zu Hiefenech war, hun d'Frënn vun Csókakő Schecken iwwereecht. Säit dësem Jor huet Vereenegung eng Hëllefsaktioun mat Numm "Ee neien Dach fir d'Schoul vun Csókakő"gestart. 500 Euro huet d'Famill Porcher-Kirtz als Erléis vun hirer Diamantenhochzäit iwwereecht, 1138 Euro sinn vun Awunner aus der Gemeng a Noppeschgemengen iwwereecht ginn, d'Entreprise Tavares vun Hiefenech hu sech mat 2000 Euro um Projet dedeelegt. Mat 1000 Euro huet d'Entreprise Tavares den lokalen Pompjeescorps vun der ungarischer Uertschaft ënnerstëtzt. De Président Guy Schiltz huet all Donateur ee grousse Merci ausgeschwat. D'Aktioun "Ee neien Dach fir d'Schoul" soll rischt 2019 no der 20 Joresfeier vun der Partnerschaft ofgeschloss ginn.