Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung vum SYFEL

Gëschter Owend (22. November 17) war zu Hiefenech eng ausseruerdentlech Generalversammlung vum SYFEL, dem Syndikat vun de Kierchefabrécken un där ganz vill Vertrieder vun de Kierchefabrécken aus dem ganze Land deelgeholl hunn. Si si weider ferm décidéiert, sech mat alle legale Mëttele géint déi arrogant Art a Weis, wéi d'Regierung an dem Bistum mat hinnen emsprangen, ze wieren. Dobei geet et besonnesch ëm déi geplangten Enteegnung an Ofschafung vun de Kierchefabrécken resp. d'Schafung vun engem ondemokrateschen an deiere Fong. Politik a Bistum wäre gutt beroden, op si ze lauschteren.