Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chrëschtfeier vun der Amiperas Sektioun Hiefenech-Reiland

Zum Ofschloss vum Jor huet de Comité hir Membren op Chrëschtfeier an de Restaurant "Op der Gare ll" invitéiert. Bäi engem festleche Menü gouf Revue passéiert iwwert een aktivt Jor. Präsidentin Regine Winckel huet déi zahlreich Membren begréisst déi un der Feier eel gehol hun. De Programm mat den Aktivitéiten vum nächste Jor ass och verdeelt ginn. Um Programm stinn 17 Portes Ouvertën, 9 mol Mëttesdësch, d'Generalversammlung an de Journée du Grand Age. Ofschléissend huet Präsidentin all hire Membren schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Jor gewënscht.