Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Rout Blutt op Bloe Steen


No dem groussen Erfolleg vun 2010 féieren och 2011 d’Frënn vun der Lee d’Krimispill „Rout Blutt um bloe Steen“ op. D’Gäscht gi fir e puer Stonnen an d’Joer 1948 versat a mussen hëllefen ee Kriminalfall opzeklären. Et mussen Zeien fond a gefrot ginn, historisch Dokumenter sinn ze duerchkucken an et entdeckt een d’Schieferindustrie an de Musée esou op eng aner Art a Weis. Als „Bühn“ fir dee Mordfall steht bal de ganze Site vun Uewermaartel zur Verfügung. No zwou Stonne muss all Equipe sech op eng Persoun festleën, déi den Täter oder d’Täterin kinnt sinn.
Wann Dir dëst Joër de spannende Krimi matspille wëllt, da schreift iech a fir e Samschdeg, de 14. Mee 2011. Lass geet et um 18 Auer. Virdrunner ka sech jiddereen an der Villa vum Patron mat Apéritif, Haaptpla, Kaffi a Kuch stärken.
Aschreiwe kann ee sech um Tel. 23 640 141 oder per E-Mail op info@ardoise.lu bis den 2. Mee 2011. Am Prinzip sollen Equipe vun 3-4 Leit sech op d’Sich nom Mäerder maachen. No der Umeldung sinn dann 28 Euro pro Persoun op de Kont CRRA LU47 0090 0001 1185 1408 vun Les Amis de l’Ardoise –Musée ze iwwerweisen.