Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chorale Ste Cécile Cheque Iwerreechung

Weiler-la-Tour: Am Kader vun engem Concert mat den “Amis du Chant” zesummen mam Orchestre de Chambre “Estro Armonico”, an dem Sven Kiefer, konnt d´Chorale Weiler-Haassel e Schéck vun Eur 1430.- un d´Fondation Caritas iwwerreechen, als Ennerstëtzung fir hieren “Dys-Positif” Programm.

De Concert war organiséiert vun der Chorale Weiler-Haassel a stung ënnert dem Patronage vun der Gemeng Weiler-la-Tour, an der Kierchefabrik Weiler/Haassel.