Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Regionale Bilan am Klimapakt

E Méindeg, den 28. Mee 2018 hunn d'Naturparken Öewersauer an Our op hire regionale Bilan am Klimapakt agelueden. Flott Zuelen konnte presentéiert ginn - ëmmerhin konnten d'CO2-Emissiounen an der Regioun iwwer déi lescht Joeren reduzéiert ginn.

Den Highlight vum Owend waren d'Kanner aus der Regionalschoul Uewersauer, déi hir Natur AG virgestallt hunn. D'Madamm Ministësch Carole Dieschbourg konnt sech dunn och iwwer frësch Eeër an Hunneg vun den Déieren aus der Schoul freeën.