Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung mat Scheckiwwerreeschung vun de Fraen a Mammen Kauneref

Dëst Joer war déi 31te Kéier, wou Fraen a Mammen Kauneref hiren Rappdeckelsbal zu Béiwen/Stau organiséiert hun, Wéi all Joer gët een Deel vun dësem Erléis gespennt.
Virun puer Deeg ass e Scheck vun 2000 € un Vereenegung Trisomie 21 Lëtzebuerg a.s.b.l iwwerreescht gin.

Virun der Scheckiwwerreeschung hun mer eis alljähreg Generalversammlung ofgehal wou de Bilan vum leschte Joer gezuen, an de neie Programm fir 2014/15 virgestallt gouf.

Sou wärten mer den 25 September op Eschwëller iessen an eng Dillen goen. E Beaujolaisowend, een Tour op Oochen op de Krëschtmaart, e Krimidiner, e Familjefest an natierlich och eisen traditionnellen Rappdeckelsbal, deen nächst Joer den 8 Februar 2015 zu Béiwen/Stau ofgehaalen gët se geplangt.

No engem gudden Iessen zu Harel am Restaurant "Beim Sheila" huet den Här Wolff Trésorier vun Trisomie 21 Lëtzebuerg sech fir de Scheck bedankt an d'Arbecht vun hirer Vereenegung virgestallt .

Am Comité vun de Fraen a Mammen Kauneref sen Presidentin Schintgen Josette, Keesière Glod-Gira Danièle, Sekretärin Pletschette Simone, Majerus Francine, Backes Monique, Lorang Emmy, Kieffer Bianca, Staudt Mariechen, Schumacher Nathalie. Nei am Comité sen Schon Edith a Nicks Nancy