Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éischt-Hëllef-Cours zu Harel


Maacht mat am Éischt-Hëllef-Cours a léiert d'Gesten, déi retten.

Den Éischt-Hëllef-Cours geet e Mëttwoch den 6. November ëm 20.00 Auer un.
Op Lëtzebuergesch.
D'Umeldung ass gratis den 1. Dag am Cours.

D'Formatioun déi theoretesch an och praktesch ass, besteet aus 14 Séancen vun 2 Stonnen. Dir léiert Éischt Hëllef unzewenden fir a verschiddenen dramatische Situatiounen intervenéieren ze kënnen.

En Accident am Verkéier, op der Aarbicht, doheem, während der Fräizäit, Malaise, Schwächten, Bluddungen, Otemnout, Verletzungen, Bréch, Gelenkverletzungen, Verbrennungen etc.

Organisator: Croix-Rouge - Commune du Lac de la Haute-Sûre - Pompjeeën vun Harel.
Adress: Pompjeesbau - rue Laach
Wieder Informatiounen op www.croix-rouge.lu oder op www.spharel.lu

Weitere Neuigkeiten von Thierry Schon >