Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kannergrupp „Wann d’Mamm an de Papp sech trennen“

06
Okt
2018
06 Okt

Mir bidden e Grupp fir Kanner am Alter tëscht 6 a 12 Joer, deenen hier Elteren getrennt/gescheet oder an der Trennung/Scheedung sinn.


An dësen aktiven Atelieren bidde mir de Kanner d’Méiglechkeet via gezielten Aktivitéiten a Spriechronnen, sech mat hirer Situatioun auserneen ze setzen an hier Gefiller aus ze drécken.

An dësen Atelier’en fokusséieren mir eis op verschidden Themen ewéi:

Onsécherheet an Ängschten,Scholdgefill a Loyalitéitskonflikt,Roserei an Trauer,Ongerechtegkeet an Ohnmacht,Vermëssen vun engem Elterendeel…

De Grupp gëtt an engem Zyklus vun 6 Sëtzungen ugebueden.
D’Atelier’en fannen ëmmer Samschdes vun 10 bis 12 Auer am Familljen-Center zu Bouneweg statt.

Mir leeën grousse Wäert op d’Zesummenaarbecht mat den Elteren:
Dofir bidde mir virum Start vum Grupp en Info-Owend fir d’Elteren un. Hei gëtt d’Konzept vum Grupp am Detail erklärt an op d’Froen vun den Elteren agaang.

Zum Schluss vun deenen 6 Atelier’en wäerte mir och den Elteren an Eenzelgespréicher e Feedback ginn an d’Méiglechkeet bidden fir op weider Froen an eventuell Suergen anzegoen.


Informationsowend
fir Elteren:
02. Oktober 2018
Dë. vun 19 - 20 Auer

Atelier'en fir Kanner:
(6 Treffen)
06.; 13.+ 20. Oktober;
10.; 17. + 24. November 2018

ëmmer Sa. vun 10 - 12 Auer am Familljen-Center zu Lëtzebuerg-Bouneweg.


Info an Umeldung:

http://www.familljen-center.lu/gruppen/Kannergrupp%20Trennung%20Scheidung.php