Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wal Apéro zu Groussbus

Um Walsonndeg zu Groussbus, wou de Referendum zur geplangter Fusioun mat der Gemeng Wal um Spill stoung, konnten d'Wieler no hirem Vott a nom Covid-Check e Pättchen am Schoulhaff drénke goen, deen di Groussbusser Jugend zerwéiert huet. Hei konnt dann nach emol iwwert Sënn a Zweck vun enger Fusioun philosophéiert ginn, bis dann am fréien Nomëtteg d'Resultat vum klore Jo bekannt ginn ass.