Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Pouletsfest zu Groussbus

Groussbusser Pompjeeën anno 1847 asbl huet och a Pandemie Zäiten hiert traditionellt Poulets Fest organiséiert. Dëst Joer huet et et ebe just als take away dierfen organiséiert ginn, wouvunner trotzdeem vill Duerfleit profitéiert hunn. Scho fréi moies ass de Grill ugefaange ginn, an d'Pouleten hu bis Mëtteg bei schéiner Glous gebrutzelt, iert se da bei de Leit doheem um Teller gelant sinn. Den Erfolleg huet de Groussbusser Pompjeeë Recht ginn, an enger Editioun 2022 an enger voller Weiersäift steet näischt an de Féiss.