Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Grouss Botz an der Gemeng Groussbus

D'Chorale St.-Hubert vun Dellen huet sech traditionsgeméiss em d'Ausriichte vun der grousser Botz an der Gemeng Groussbus bekëmmert. Pandemiebedingt gouf et keng gemeinsam Organisatioun an di traditionell Spaghetti huet och missen op nächst Joer reportéiert ginn. Dem Opruff vun der Gemeng un d'Awunner fir an hirem Quartier, hirer Strooss eng ganz Woch laang Dreck opzerafen, ware vill Leit gefollegt. Nodeems d'Leit hier Tuten an de Container gedroen haten, gouf et als klenge Merci et leckere Wupp mat Sauermous, deen den Deller Gesank zerwéiert huet.