Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fusioun Groussbus-Wal

Nom Optakt läscht Woch zu Gréiwels haten elo di Groussbusser Bierger d'Méiglechkeet mat de Gemengevertrieder iwwert eng eventuell Fusioun Groussbus-Wal ze diskutéieren. Déi covid bedéngt limitéiert Plazen waren dann och séier ausgebucht am Festsall zu Groussbus, wou déi interesséiert Matbierger fir d'éischt di néideg Erklärungen vun deenen zwee Buergermeeschtere kruten, iert jiddereen du selwer seng Froen a säin Uleies konnt virbréngen. Wéi schonn zu Gréiwels huet sech och hei zu Groussbus eng lieweg an objektiv Diskussioun entwéckelt, déi och bei de nächsten Owender nach dierft verdéift ginn.