Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Feier fir den drëtten Alter

Enn des Joers huet d'Gemeng Groussbus zesumme mat de Fräizäitfrënn Groussbus hir traditionell Feier fir den drëtten Alter organiséiert. Bei dëser Geleeënheet war et dem Buergermeeschter Paul Engel mat sengem Schäffen a Gemengerot esou wéi der Präsidentin vun de Fräizäitfrënn eng grouss Éier de Jubilaren e flotte Kaddo z'iwwerreechen. Bei engem gudde Maufel an engem Pättchen ass dunn bis an de spéiden Nomëtteg viru gefeiert ginn.