Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Europa ouni Grenzen

Um Europadag war et deenen 10 Gemenge vum Réidener Kanton wichteg sech mat hirem belsche Noper vun Attert um Marais de Grendel ze treffen fir z'ënnersträichen, dat mir weiderhi fir e fräit Europa astinn, an dat mer ënner Frënn eis net vun engem Virus dovunner ofhale loossen eisen europäeschen Dram weiderhin ze liewen.

Souwuel de Buergermeeschter vu Groussbus Paul Engel a senger Funktioun als Vize-Präsident vum Syndikat "De Réidener Kanton", ewéi och den Député-Maire Josy Arens vun Attert hunn an hire Rieden duerfir plädéiert, dat Europa virun allem och en Europa vun de Bierger ass, an dat onofhängeg dovunner op mer déi eng Säit oder déi aner Säit vun de Landesgrenze liewen.

Op dësem 9. Mee 2020, dem Europadag, genau 70 Joer nom Dag vum Robert Schuman senger Deklaratioun, halen déi Lëtzebuerger Gemengen zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch an aus Frankräich den Europäesche Gedanke ganz héich.

Duerfir: Fir en Europa mat oppene Grenzen. D’Bierger vum ale Kontinent kennen a wëlle keen anert Europa!