Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Eischt Kommioun fir 15 Kanner aus der Par Atertdall Sainte- Claire

Éischt Kommioun fir 15 Kanner aus der Par Aterdall Sainte-Claire

Grousbuss/Wal: Sonndes, den 2. Mee waren et di zwou läscht Kommiounen fir dest Joer, déi an der Par Atertdall Sainte- Claire gefeiert goufen. Aus der Gemeng Grousbuss hun 9 Kanner an aus der Gemeng Wal waren et 6 Kanner déi hir éischt Kommioun vum Pater Jean- Jacques Flammang am Laf vun enger feierlicher Eucharistiefeier konnten empfänken. Fir de gesanglichen Deel hun d’Kanner selwer zesummen mam Gesangensemble, dem Organist Carlo Philippe souwi dem Chouer aus der Gemeng Wal mam Sylvie Schartz- Kips um Keyboard, beigedroen. Zum Schluss vun dese beandrockenden Gottesdëngster huet de Pater Flammang allen Bedeeligten déi zu desen Kommiounsfeieren beigedroen hun, séin oprichtigen Merci ausgesprach. (CR) (FOTOEN: CHAREL REISER)