Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Jos Helbach vu Groussbus feiert säin 90ten Gebuertsdag

Et war dem Buergermeeschter Paul Engel mat sengem Schäffen- a Gemengerot an dem Bureau eng grouss Éier dëser Deeg dem Jos Helbach, pensionéierte Fierschter vu Groussbus fir säi 90. Gebuertsdag ze gratuléieren. Als jonke Borscht huet de Jos souzesoen de père en fils de Fieschterberuff geléiert, an huet no senger Zäit bei der Forstverwaltung an als garde pèche zu Dikrech am Mee 1959, als Fieschter am Revéier Groussbus ugefaangen, wou hie bis Enn Februar 1990 täteg war. Iwwer drësseg Joer huet hien sech beméit sengem Nofollger en ideaalt Revéier z’iwwerloossen, wat awer leider net de Fall war, well an der selwechter Nuecht, wou de Jos a Pensioun gaan ass e schwéieren Orkan an eise Bëscher gehaust huet a fir vill Schued gesuergt huet.

Aus dem Bestietnes mam Margot Vinandy sinn zwee Kanner, d’Sylvie an de Paul, ervir gaan, déi leider vill ze fréi verstuerwe sinn; bei der sympathescher Feier war di eenzeg Enkelin, d’Helea dobäi.

De Jos Helbach huet och a senger Pensioun Zäit fonnt als Publizist täteg ze ginn; seng Bicher „Die Geschichte des Luxemburger Waldes im Laufe der Jahrhunderte“ aus dem Joer 2004 an „Der private Großgrundbesitz in Luxemburg“ aus dem Joer 2009 waren e vollen Erfolleg a schonn no kuerzer Zäit vergraff. Wann een de Jos freet, wat dann elo d’Geheimnis ass fir nach esou rüsteg ze bleiwen am héijen Alter, sou äntwert hien, dat een ëmmer muss optimistesch sinn, an dat de Bësch an d’Musek him vill bedeiten. Zum Schluss huet hie schelmisch gemengt, dat e gudde Patt Elbling bei enger flotter Partie Skat och net ka schuede fir al ze ginn.