Wählen Sie Ihre Nachrichten​

d'Réidener Juegdbléiser verschéineren d'Haupeschmass


Groussbus: Zënter laange Joeren verschéineren di Réidener Juegdbléiser ofwiesselend d’Haupeschmass an enger aanerer Uertschaft am Kanton Réiden. An engem romantische Kader mat schéiner Juegddekoratioun, gouf de Gottesdëngst dest Joer am Schoulhaff zu Grousbus, zelebréiert. Passender Weis hun di Réidener Juegdbléiser ënnert der Leedung vum Marc Pletgen fir d’Verschéinerung vun deser Haupeschmass, gesuergt. A senger Predigt huet de Pater Jean- Jacques Flammang un den hl. Hubertus, Schutzpatroun vun de Jeeër erënnert, den ëmmt d’Joer 655 zu Toulouse gebuer gouf, an den 30. Mee 727 zu Tervuren verstuerwen, ass. Zum Schluss vun der Mass huet hien sech ganz haerzlech bedankt fir di flott Feier déi an de kommenden Joeren an deser Form och weidergefuert soll gin. Och de Sektiouns- President Guy Schank huet alle Bedeeligten, Merci gesoot, déi zur Gestaltung vun deser 30. Haupeschmass bäigedroen hun. Mat engem,vun de Juegdhornbléiser offréierten Concert, a bei engem Glas Glühwäin, huet dess Haupeschmass zu Grousbus hiren würdigen Ofschloss, fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)