Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Klibberkanner waren zu Groussbus ënnerwee

Op Initiative vun e puer Mamme vu Groussbus hunn d'Schoulkanner di flott Traditioun vum Klibberen virun Ouschterdag och a Pandemie Zäiten oprecht gehalen. D'Moies-, Mëttes-, an d'Owesklack sinn duerch kräftegt Klibberen a Gesang ersat ginn, an di waakreg Klibber Jongen a Meedercher kruten duerfir hire verdéngte Loun um Ouschtersamschdeg vun den Awunner.