Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Commémoration nationale 2019

Zu Groussbus hunn se de lëschte Sonndeg um Commemoratiouns-Dag den Opfer vum Nazi Regimm tëscht 1940 a 1945 geduecht. Nom Néierleeën vun enger Gerbe duerch de Gemengerot war et um Buergermeeschter Pol Engel déi sëllech Doudeger a Blesséierter während der Besatzung a senger Gedenkried ze würdegen an drop hinzeweisen, dat et och haut erëm Tendenzen doruechter an Europa ginn, déi op Ausgrenzung an op Friemenhaass setzen. Dem Buergermeeschter war den Opruff wichteg, dat all friddleche Bierger sech deenen Stréimungen widder setze soll an dat mir eist fräit Europa net duerfen liicht fankeg op d'Spill setzen. No dëser Gedenkzeremonie huet d'Gemeng op den Éierewäin an de Festsall invitéiert.