Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Buergbrennen zu Groussbus

D'Amicale vun de Pompjeeën Groussbus anno 1847 hunn sech et net huele gelooss trotz Pandemie dat traditionellt Buergbrennen oofzehaalen. Vill Leit hu schon am spéide Nomëtteg vum Drive -In take away profitéiert fir sech e gudden Ierbsebulli oder eng lecker Mettwurscht schmaachen ze loossen. Géint der Owend ass dunn d'Buerg covid-bedingt ouni traditionnellen Fakelzuch ugefaange ginn, woubäi di Busser Leit vun doheem aus deem spektakuläre Feier nokucke konnten.