Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Buergbrennen zu Groussbus

Trotz stiermeschem Wieder huet sech d'Groussbusser Pompjeeën och dëst Joer net huele gelooss, di flott Traditioun vum Buergbrennen opliewen ze loossen. No enger Stäerkung bei Ierbsebulli a waarm Wirschtercher, ass et dunn am Cortège d'Boschent erop gaange, wou dann d'Buerg schlussendlech verbrannt ginn ass.