Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Aweiung Terrain Multi Sports a Bicherkabinn

Op Kirmessamsden hat d'Gemeng Groussbus zesumme mat hirer Kulturkommissioun op eng kleng sympathesch Feier invitéiert, wou souwuel d'Bicherkabinn, ewéi och de neien Terrain Multi Sports offiziell a Betrib geholl si ginn. Bei der Bicherkabinn virum Paschtoueschhaus huet de President vun der Kulturkommissioun Roger Gereke dem techneschen Déngscht am allgemengen an dem Christiane Schmalen am besonnesche Merci gesot fir di flott kënschtleresch Gestaltung vun der Bicherbox, déi sech allgemeng grousser Beléiftheet erfreet.

Duerno ass et da bei d'Sportshal an de Prommenhaff gaangen, wou de Buergermeeschter Pol Engel virun engem zuelräiche Public de neien Terrain Multi Sports offiziell opgemaach huet. Grouss a Kleng hunn dann och direkt profitéiert e Fussballmatch op deem neie Belag auszedroen, wou manner d'Resultat interesséiert huet, mee vill méi d'Freed um Sport an un der Beweegung am Virdergrond stoungen. Ewéi dunn och nach de Kiermeskuch mat engem gudde Stéck Kiermesham zu de Kläng vun der Groussbus-Waler Musek vun der Kommissioun zerwéiert gi sinn, sollt des Aweiung definitiv als flotte Succès bei jidder Bedeelegten a beschter Erënnerung bleiwen.