Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sunset Unplugged Vol. III

Och dee leschte Concert an der Réi vum Sunset Unplugged am Kulturhuef war e grousse Succès. Déi sympathesch Formatioun FUJAZZI hunn de Publik op dësem perfekte Summerowend esou richteg begeeschtert mat bekannte Jazz Klassiker, awer och mat méi neie Stécker déi deen een oder anere vläicht nach net kannt huet. D'Equipe vum Bistro huet d'Léit kulinaresch méi ewéi goud versuergt an d'Equipe vum Kulturhuef seet jiddwerengem, esou wuel den iwweraus sympathesche Museker ewéi och dem super Publik iwwert déi dräi Owenter Sunset Unplugged e grousse Merci! Mir gesinn eis nächste Joer um Sunset Unplugged 2019!