Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sunset Unplugged Vol. II am Kulturhuef

E flotten Owend hu mir gëschter mat eisem super Publik, eisen talentéierte Museker a natierlech mat perfektem Wieder am Kulturhuef um Sunset Unplugged verbruecht. D'Formatioun "Dreispiellos" hu mat hiren eenzegaartege Versioune vu Pop a Rock Lidder d'Léit begeeschtert. D'Equipe vum Bistro huet onermiddlech fir Erfrëschunge gesuergt, an d'Stëmmung ass vum Publik iwwerholl ginn. Allem an allem e perfekten Owend. Verpasst net de leschte Concert vu Sunset Unplugged, der Serie vu gratis Concert'en am Kulturhuef, nächste Mëttwoch 01.08. um 18:30 Auer am Kulturhuef zu Gréiwemaacher! Mir géingen eis freeën!