Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sunset Unplugged Vol. I zu Gréiwemaacher am Kulturhuef

Den éischte Concert vun der Sunset Unplugged Serie am Kulturhuef war e vollen Erfolleg. Bei rouegen, doucen, an awer akustesch immens staarke Jazzkläng konnt den Trio Edith van den Heuvel deene ville Léit, déi de Wee op Gréiwemaacher fonnt haten, een atmosphäreschen Owend liwweren. Bei herrlechem Wieder, gudder Musek an engem killen Apero ass Vakanzestëmmung an de Kulturhuef agezunn.


Kommt och nächst Woch op den zweete Concert, dës Kéier a Form vun engem Duo, bestoend aus dem Kid Colling an dem Sven Sauber. Dës zwee Gittaristen wäerten hiert Kënnen am Jazz, Blues, a Pop am Huef ënnert Beweis stellen. De 26. Juli geet et, wéi gewinnt, ëm hallwer 7 lass an den Entrée ass gratis. Mir soe Merci un all déi Léit, déi gëschter zu esou engem schéinen Erliefnis gemaach hunn, de Kënschtler souwuel wei och eisem super Public. Mir gesinn Iech hoffentlech alleguerten nächste Mëttwoch erëm.