Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sunset Unplugged Vol.I am Kulturhuef

Perfekte Wierder, super Museker, e gudde Mauffel, an e geniale Publik - dat sinn d'Ingredient'en fir e gelongene Sunset Unplugged Concert am Kulturhuef. Esou hu gëscht "Do 2 Gitares" de Publik mat engem villsäitege Programm verwinnt an sou munch een huet sech ewéi an der Vakanz gefillt. Dës kleng Concertsréi ass gratis an och dir kënnt de 25.07. och nach di flott Formatioun "Dreispiellos" kucke kommen oder den 01.08. bei "FUJAZZI" eraluussen! Mir géingen eis freeën!