Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sunset Unplugged Vol.2 zu Gréiwemaacher am Kulturhuef

De leschte Mëttwoch den Owend war am Kulturhuef zu Gréiwemaacher den 2en Concert vun der Serie Sunset Unplugged. De Kid Colling a Sven Sauber hunn d'Spectateuren op der komplett gefëllter Terrasse charmant duerch den Owend gefouert. Nieft eegene Kreatiounen hunn si och Klassiker vun hire ganz perséinleche musikaleschen Helden op d'Bühn bruecht. Zesummen hunn si e moderne Geescht vu Blues a Jazz un d'Musel bruecht. De Publik war begeeschtert an deen een oder aneren huet gemengt: "et ass wei an der Vakanz". Sou soten och di meescht dass si nächst Woch fir den 3en a leschte Concert mat der Claudine Muno den 2en August mat dobäi sinn.