Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Privaten Déiereschutz asbl : Kazen ausgesat

Déi läscht Deeg si verschidde Kazen ausgesat gin.

Déi kleng Kaz vun ongeféier 8 Wochen as dësen Donneschdeg moies an enger Kartongs Këscht an engem Virgärtchen op der Maartplaz zu Gréiwemaacher ausgesat gin.
Si as gudd geniërt an immens heemlech.

Déi schwaarz/weiss, ee jonke Kiëderchen vu 5 Méint, as e Sonndeg de Moien um Busparking bei der Südentrée vun der Foire ausgesat gin. Och hiën as ee ganz heemlechen.

An déi schwaarz beauté war zanter en Dënschdeg de moien op eemol op der Spillplaz hanner der coque um Kirchbierg. Och eng ganz heemlech Kaz.

Wiën ee vun hinne kennt ka sech beim Privaten Déiereschutz asbl mellen.
Merci fir är Hëllef.