Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Piraten op der Musel!

Samschdes gouf et d'Suite vun eisem Moonlight Cinema, dee Freides schonns mat de Minions säin Optakt hat. D'Stëmmung war gutt, d'Wieder war super, an d'Cocktaile ware kal  – allem an allem super Viraussetzunge fir sech am Kulturhuef e Piratefilm unzekucken. Wei Freides och schonns gouf et gutt z'iessen, e spannende Filmquiz, an e Facepaint. Well de Pirates of the Caribbean ab 12 Joer war, war eis Equipe dann och positiv iwwerrascht dass de Facepaint och vun, solle mer mol soen, mei grousse Kanner genotzt gouf an et huet een de ganzen Owend deen een oder anere mat Cocktail an der Hand a gemooltem Gesiicht begéint. Ab 22:00 Auer ass bei wierklech perfektem Open Air Wieder dann och eise Film bis gutt Mëtternuecht gelaf. Vun Middegkeet keng Spuer. D'ganz Equipe vum Kulturhuef seet Iech alleguerte Merci fir déi super Stëmmung an de Support, deen dir matbruecht hutt. Mir freeën eis op alle Fall fir Iech alleguerten d'nächst Joer erëm ze gesi fir de Moonlight Cinema 2018.