Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Music goes Musel: Sunset Unplugged Vol.3

En Erfollegserliefnis war gëschter Owend eise leider leschte Concert vun der Sunset Unplugged Serie mat der Claudine Muno. D'Léit si net nëmmen a groussen Zuelen an de Kulturhuef komm, mee dës staark Stëmm huet och vill Léit am Laanschtgoen op d'Terrasse vum Kulturcafé gelackelt. Dës Kënschtlerin huet et verstanen de Publik esou charmant ze beandrocken dass si hier zum Schluss Blumme kafe waren an hier e Riesenapplaus gespent hunn. E qualitativ héichwäertege Concert, wou deem een oder aneren och d'Héngerhaut ausgaangen ass an deen och mat zwou Stonne vill ze séier eriwwer war. Mir soen dëser sympathescher Kënschtlerin villmools Merci dass si bei eis an de Kulturhuef komm ass. A mir schwätzen natierlech eisem super Publik och e grousse Merci aus, well dir hutt den Owend zu engem absoluten Highlight gemaach. Mir gesinn eis erëm fir de Sunset Unplugged 2018 wou mir Iech och rem musikalesch Iwwerraschungen, entspaanten Owender op der Terrasse vum Kulturhuef, a virun allem eng super Stëmmung wäerte bidden. Music goes Musel, och nächste Joer erëm derwäert fir sech an de Kalenner ze notéieren.