Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Moonlight Cinema am Kulturhuef

Besser Owenter hätt een sech net kënne wënschen ewéi de Freiden a Samschden am Kulturhuef um Moonlight Cinema. E Freide woren d'Léit net nëmme begeeschtert vun der Fraepower am Thriller "Ocean's 8", si sinn och kulinaresch verwinnt gi vun den Equipe vum Kulturhuef Bistro an dem Kulturhuef Kino! Bei perfektem Wieder goung et och e Samschde mat "Jurassic World 2" weider. Bis bal Mëtternuecht hunn d'Léit sech virun de groussen Echse gegrujelt, mee d'Cocktails a Nachos hunn alt gehollef! Super Wieder, super Filmer, gutt gelaunte Léit - e groussen Erfolleg och dëst Joer erëm fir den Open Air Kino am Kulturhuef. E grousse Merci och un all eis Sponsoren ouni déi dësen Owend net méiglech gewiescht wier! Bis d'nächst Joer - mir freeën eis op alle Fall!