Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Mir setzen eis nei Zieler a kucken positiv an eis Zukunft

172. Generalversammlung vun der Chorale Municipale Gréiwemaacher


En Donneschden, 18. Februar huet d’ Maacher Chorale hir dësjähreg Generalversammlung als Visiokonferenz kënnen ofhalen.

D’ Germaine Funck als Präsidentin, een Deel vum Comité an den Dirigent, Martin Elmquist, waren physisch am Prouwsall dobäi. Déi meescht Memberen, Vertrieder vun der Gemeng an den Dechen Claude Bache konnten iwwer den Internet déi Versammlung verfolgen.

E grousse Merci, sou d`Präsidentin, un d`Gemeng Gréiwemaacher fir d‘Ënnerstëtzung an och dem Dechen deen ëmmer en oppen Ouer fir d’Maacher Chorale huet.

De fréieren Präsident, Raymond Peters deen am leschte Joer no laangem Engagement fir d’Chorale säin Amt zur Verfügung gestallt hat, ass zum Éierenpräsident vun der Maacher Chorale ernannt ginn.

D’Thessy Demuth huet an hirer Funktioun als Sekretärin e Bericht iwwer all Aktivitéiten vun der Chorale a vum Comité ginn. Trotz Pandemie konnt déi eng oder aaner Prouf gehale ginn. Deels open air, deels an der Kierch an a klenger Besetzung am provisorischen Proufsall am Container.

D’Josée Ungeheuer huet duerno iwwer d’Keess vun der Chorale rapportéiert. Duerch fehlend Einnahmen an duerch déi lescht Generalversammlung (am Bistro Quai) huet sech de Bestand vun der Keess reduzéiert. Eng Kontroll vun der Keess duerch d’Préifer Liane Felten an Andreas Becker ass mat positivem Resultat erfollegt. All zougeschalt Memberen vun der Chorale entlaaschten de Comité fir dat Joer 2020 eestëmmeg.

Den Dirigent, Martin Elmquist, huet an senger Ried erausgestrach, datt et wichteg ass, een Ziel ze hunn an op e Projet hin ze schaffen. Mëtt Mäerz wäerte Prouwen an klenger Besetzung an Registerprouwen fir de Requiem vum Gabriel Fauré gehale ginn. Nach ass net gewosst wéini eng Opféierung méiglech wäert sinn, mee et ass wichteg elo op dat Ziel hinzeschaffen.

A sengem Rôle als Delegéierten vun der UGDA konnt den Bernd Uehlein aktiv Memberen fir 5, 10, 20, 40 an och 50 Joer Zougehéieregkeet gratuléieren.

An der fräier Aussproch huet de Schäffen Marc Krier betount, datt d’Maacher Chorale, besonnesch och an der Pandemie, Europa erlieft und gelieft huet. Am Videovirspann virun der Sëtzung konnt een gesinn, datt déi Maacher Chorale e villsäitegen Veräin ass.

Den Dechen, Claude Bache, hofft drop, datt d’Chorale geschwënn an der Kierch ërem aktiv gi kann. Och wann d’Besucher vun de Sonndesmassen ganz gutt matsangen, ass et kloer „dir feelt“.

No enger knapper Stonn konnt d‘Präsidentin déi e bëssen aner Generalversammlung schléissen verbonnen mat dem Opruff all Informatiounen iwwer Projeten a Prouwen op der Websäit www.choralemaacher.lu nozesichen.