Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Maacher Maison Relais spend 400.-€ un Fondatioun Kriibskrank Kanner

Am Kader vun 10 Joer Arcus koum d’Iddi op 2018 um Chrëschtmaart zu Gréiwemaacher deel ze huelen. De Projet „Weihnachtswerkstatt“ war e weidere Schrëtt. De Prinzip vun der Participatioun spillt an der Maacher Maison Relais eng grouss Roll. Sou sinn d’Kanner a sämtlech Prozesser aktiv mat agebonne ginn. Begleet vun den Erzéier hunn si an den Ateliers hier Iddien ëmgesat an divers Chrëschtdagsartikelen gebastelt: Kaarten, Kiischtekärkëssen, Schnéimännercher aus Strëmp, Seef, Gebäck, … Dës Artikelen sollten spéider um Chrëschtmaart verkaf ginn.

Well de Schutz an d’Ënnerstëtzung eng zentral Roll a sämtlechen Déngschtleeschtungen vun Arcus spillen, war et den Erzéier aus der Maison Relais wichteg, de solidaresche Gedanke mat de Kanner ze thematiséieren. Passend zum Fest vun der „Nächsteléift“, hunn d’Kanner decidéiert den Erléis un 2 Organisatiounen, déi si selwer ausgewielt hunn, ze spenden. D’Kanner hunn dobäi net just un déi jonk Mënschen geduecht, mee och un déi méi al Leit. Esou gouf déi gesammelt Somme vun 800 Euro opgedeelt an un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner, souwéi un den HPPA St François vu Gréiwemaacher gespent.

Am Kader vun der offizieller Scheckiwwerreechung gouf de Kanner aus der Maison Relais nach emol ausdrécklech Merci gesot, si krute fir hiert Engagement , op dat si stolz kënne sinn, felicitéiert.