Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kannergebuertsdeeg am Kulturhuef

Wousst dir eigentlech dass ee bei eis och ka Kannergebuertsdeeg féieren?

Bucht en eegenen Atelier fir äert Kand an e ganze Grupp vu sengen/senge Kollegen. Mir hunn eng super Auswiel u Workshops fir all Alter an Interessi. Sou kënnen di Kleng sech zum Beispill hier eege Superhelde bastelen, e flotte Mobile aus enger magescher Märchewelt zesumme bauen, hier eegen T-Shirts kreéieren, flott Billerbicher entwerfen an an an ... Haaptsaach kreativ, faarweg a mat vill Spaass. Fir déi verschidden Offeren u Kannergebuertsdeeg a fir Info iwwert Altersgruppen, kuckt op eisem Site a luet Iech eis super flott Broschür erof op: https://www.kulturhuef.lu/de/kulturhuef-musee/31/kulturhuef-musee.html