Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fête de la Musique am Kulturhuef 15.06.2018: e puer Andréck

E flotten a musikalesch immens villsäitegen Owend konnt de Publik leschte Freiden op der Fête de la Musique am Kulturhuef verbréngen. Et goung gutt gelaunt a relax an den Owend mam Olivio Pagliarini Quartett mat der Sängerin Karin Melchert. Si hunn de Publik mat hirem Jazz Repertoire begeeschtert an duerch de Sonnenënnergang begleet. Weider goung et mat der dynamescher Band Zero Point Five, déi eise Publik dozou krute fir matzesangen! Si konnte mat Country, Blue Grass an Indie Aflëss iwwerzeegen. Dem Headliner Crossroads hire Blues Sound mat der iwwerwältegender Stëmm vun der Irina Holzinger huet fir e staarken Ofschloss gesuergt. E wonnerbaren Owend fir Museker, Publik an di ganz Equipe. Dës seet dann och, am Numm vun der Presidentin Liane Felten e grousse Merci un de Buergermeeschter Léon Gloden a seng Mataarbechter fir d'Ënnerstëtzung, un all eis Sponsoren, un déi sympathesch an talentéiert Museker an un dee super Publik vum Freiden den Owend.