Wählen Sie Ihre Nachrichten​

FC BRUT spend 1500.-€ fir Fondatioun Kriibskrank Kanner

Viru kuerzem hat den FC Brut an Caves Bernard Massard SA op Grevenmacher agelueden, fir do an der Kellerei ee Scheck un de Benevole, Romain HENRION, vun der " Fondatioun Kriibskrank Kanner " kennen ze iwwerreechen. No enger klenger Receptioun gouf ee Scheck an héicht vun 1500.-€ iwwerrescht, déi Zoustan komm sinn well den FC BRUT mat hirem President Pedro Ferreira verschidde Manifestatiounen organiséiert hunn wou sie 1000.-€ gesammelt hunn. Den Här Antoine Clasen Direkter vun der Kellerei an Mme Magali Brasseur hunn sech et do net huele gelooss fir déi d'Zomm ze vergréisseren an hunn 500.-€ drop geluecht.